Wëllkomm zréck an der Poterkëscht.

Haut schwätze mir iwwer de Gebrauch vum Handy an den Effekt op de Schlof. Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript:

A: Joris, du gesäis haut awer midd aus. Hues de schlecht geschlof? 

B: Jo, leider. Ech konnt gëschter guer net aschlofen. 

A: O nee. Has de e stressegen Dag? 

B: Jo, och. Mee ech fäerten, den Handy ass och e Problem 

A: Dat kennen ech. Ech huele mir all Owend vir, méi fréi schlofen ze goen, an da leien ech awer nach stonnelaang um Handy am Bett. 

B: Genee dat geschitt mir och. Eigentlech wollt ech gëschter um 23 Auer schlofe goen, mee herno war et awer vill méi spéit… 

A: Wat méchs du dann um Handy? Videoe kucken? 

B: All Méigleches. Instagram, Noriichten, YouTube… heiansdo liesen ech och Kommentarer oder kucke Fussballsvideoen.  

A: Bei mir ass TikTok de Problem. Déi kuerz Videoen halen einfach ni op! 

B: Jo, an et seet ee sech ëmmer: ,,Just nach ee Video‘‘. 

A: An eng Stonn méi spéit scrollt een awer nach. 

B: Du sees et… 

A : Et gëtt jo och ëmmer gesot, datt déi blo Luucht vum Handy schlecht fir de Schlof ass. 

B: Stëmmt, dat hunn ech och schonn héieren. D’Gehier denkt da warscheinlech, datt et nach Dag ass. 

A: Jo, an dofir fält et engem méi schwéier, anzeschlofen. 

B: An esouguer wann ee schléift, schléift een och net richteg déif. 

A: Interessant. Ech mierke wierklech, datt ech méi schlecht schlofen, wann ech laang um Handy sinn. 

B: Ech och. Besonnesch wann ech virum schlofe goen nach eppes stresseges kucken. 

A: Zum Beispill negativ Noriichten? 

B: Jo, oder soss Diskussiounen um Internet. Duerno denken ech oft nach laang driwwer no. 

A: Dat kennen ech. No sou eppes ass mäi Kapp och nach aktiv. 

B: Genee. Fréier hunn ech virum Schlofen oft nach gelies. Haut kucken ech meeschtens op den Handy.  

A: Eigentlech ass dat schued, fënns de net? 

B: Dach, schonn. Liesen ass iergendwéi méi entspaanend. 

A: Meng Frëndin mécht ëmmer en Handy-fräien Owend. 

B: Wat ass dat da genee? 

A: Ab néng Auer leet hatt säin Handy ewech a lauschtert Musek oder liest e Buch. 

B: Dat kléngt gesond. Mee, éierlech gesot kéint ech dat net all Dag. 

A: Ech warscheinlech och net. Et ass ee sou un den Handy gewinnt… 

B: Virun allem, well et do alles gëtt: d’Noriichten, Musek, Videoen, de Kontakt mat Frënn… 

A: An de Wecker! 

B: Haha, jo, dat ass nach e Problem. Mäin Handy läit direkt nieft dem Bett. 

A: Bei mir och. An esoubal ech nuets kuerz waakereg ginn, kucken ech automatesch drop. 

B: Ech och! An da gesinn ech d’Auerzäit an denken: ,,O nee, ech muss a fënnef Stonnen opstoen!‘‘ 

A: Da kann ee scho guer net méi aschlofen. 

B: Genee! 

A: Hues du scho probéiert, den Handy an engem aneren Zëmmer leien ze loossen? 

B: Nee, mee vläicht soll ech dat emol testen. 

A: Mäi Brudder mécht dat zanter e puer Méint.  

B: An, déngt et eppes? 

A : Jo, anscheinend schonn. Hie seet, datt hie méi séier aschléift a moies méi roueg ass. 

B: Interessant. Moies kucken ech nämlech ëmmer direkt op den Handy, wann ech erwächen. 

A: Ech och. Et ass dat éischt, wat ech maachen… 

B: An heiansdo gesinn ech dann direkt E-Mailen oder schlecht Noriichten. Dat ass kee gudde Start an den Dag! 

A: Definitiv net. Fréier hunn d’Leit warscheinlech fir d’éischt a Rou Kaffi gedronk an eventuell dobäi d’Zeitung gelies. 

B: Jo, bei mengen Elteren ass dat haut och nach esou. Mee eis Generatioun kuckt ëmmer direkt op den Ecran. 

A: Scho geckeg, wann een esou doriwwer nodenkt. 

B: Jo. Mee bon, anerersäits huet den Handy awer och vill Virdeeler. 

A: Jo, zum Beispill Schlof-Apps oder Entspanungsmusek. 

B: A Meditatiounen. 

A: Richteg. Et muss een den Handy warscheinlech einfach méi bewosst benotzen. Vläicht solle mir zwee probéieren, owes e bësse manner online ze sinn. 

B: Jo, kleng Schrëtt wiere scho gutt. Zum Beispill keng Videoe méi am Bett kucken. 

A: Oder den Handy op d’mannst eng hallef Stonn virum schlofe goen ewechleeën. 

B: Dat kléngt realistesch. 

A: Mol kucken, ob mir dat packen. 

B: Bestëmmt! 

Podden och tillhörande omslagsbild på den här sidan tillhör Poterkëscht. Innehållet i podden är skapat av Poterkëscht och inte av, eller tillsammans med, Poddtoppen.