Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
-
Transkript:
A: Hues du scho Pläng fir de Summer?
B: Jo, ech fuere mam Zuch an Italien.
A: Mam Zuch? Dat dauert dach éiweg!
B: Jo, du hues Recht, et dauert natierlech méi laang wéi ze fléien. Mee ech wollt dëse Summer méi nohalteg reesen.
A: Dat héiert een an der leschter Zäit méi oft. Wat heescht dat da genee fir dech, nohalteg ze reesen?
B: Fir mech ass et wichteg, d’Ëmwelt esou mann wéi méiglech ze belaaschten. Dofir probéieren ech, manner ze fléien a méi op den ëffentlechen Transport zréckzegräifen.
A: Dat kléngt verstänneg. Mee heiansdo ass e Fluch vill méi bëlleg wéi en Zuchbilljee!
B: Leider ass dat wouer. Dat fannnen ech och e bësse paradox.
A: D’lescht Joer sinn ech fir 40 € a Spuenie geflunn. Fir dee sewlechte Präis wier ech emol net bis a Frankräich komm.
B: Dat ass e seriöe Problem. Vill Leit géife gär méi ëmweltbewosst reesen, wann et net esou deier wier.
A: Warscheinlech. Anerersäits verstinn ech och d’Leit, déi nëmmen eng Woch an d’Vakanz fueren a keng Loscht hunn, zwanzeg Stonnen am Zuch ze verléieren.
B: Jo, dat kann ech novollzéien. Zäit spillt natierlech och eng Roll.
A: Wéi bass du eigentlech op d’Iddi komm, nohalteg ze reesen?
B: Viru Kuerzem hunn ech en Dokumentarfilm iwwer de Klimawandel gekuckt. Duerno hunn ech ugefaang, iwwer mäin eege CO2-Emissiounen nozedenken.
A: An zanterhier flitts du guer net méi?
B: Dach, heiansdo schonn. Mee definitiv manner wéi virdrun. Ech versichen einfach, méi bewosst z’entscheeden, wéi ech reesen.
A: Dat fannen ech e gudden Usaz. Vill Leit mengen, et misst een direkt alles perfekt maachen.
B: Jo, an dat muss ee jo net. Kleng Verännerunge maachen heiansdo scho vill aus.
A: Wou waars du da fir d’lescht an der Vakanz.
B: An Éisterräich.
A: A wéi war et?
B: Ganz flott! Et muss een net ëmmer wäit reesen, fir eppes Spezielles z’erliewen. D’Landschaft war immens schéin, an d’Rees mam Zuch war vill méi entspaant wéi e Fluch.
A: Wierklech? Ech fannen et ustrengend, mam Zuch ze reesen. Et weess een ni, ob en Zuch Verspéidung huet, a wann ee Pech huet, verpasst ee säin Uschloss.
B: Jo, mee mam Fléien ass et net anescht. Wann emol e Streik ass, falen dacks vill Flich aus.
A: Dat stëmmt och alt nees. Wéi kriss du d’Zäit am Zuch dann ëm?
B: Et kënnt drop un. Ech liesen, lauschtere Musek a kucken d’Landschaft.
A: Kléngt relax.
B: Jo, ass et och. Ausserdeem ass mir och opgefall, datt vill Leit an der Vakanz souwisou ëmmer dat selwecht maachen. An dofir muss een net wäit fléien.
A: Wéi mengs de dat?
B: Ma, vill Leit fléie bis op dat anert Enn vun der Welt, a verbréngen dann awer de gréissten Deel vun hirer Vakanz an der Schwämm vum Hotel.
A: Haha, do hues de Recht. Dat ass wierklech oft esou.
B: Jo, an dofir muss een net onbedéngt zwielef Stonnen am Fliger sëtzen.
A: Ech mengen, fir vill Leit ass et eng Manéier, dem Alldag z’entkommen.
B: Jo, mee dat kann een awer och méi no vu sengem Doheem maachen.
A: Ech well awer trotzdeem eng Kéier a Japan fléien.
B: Ech och!
A: Do gëtt et awer schwéier, nohalteg ze reesen…
B: Net onbedéngt. Ech fannen, et kann een och wait reesen, wann een e bëssen oppasst.
A: Wéi mengs de dat?
B : Et muss ee jo net all Joer eng Fernrees maachen. Wann ee sech eemol am Liewen e speziellen Dram erfëllt, ass dat eng aner Saach.
A : Jo, dat kléngt fair.
B : An op der Plaz selwer kann een och ëmweltbewosst handelen, an deem een zum Beispill a lokal Restauranten iesse geet, den ëffentlechen Transport benotzt oder kleng Hoteller ënnerstëtzt.
A: Dat ass wouer. Ech mengen, hautdesdaags denken d’Leit e bësse méi iwwer d’Auswierkunge vun hirem Reesen no. Fënns de net?
B: Dach, deen Androck hunn ech och.
A: Vläicht ass et an e puer Joer jo ganz normal, mam Zuch ze fueren. A vläicht gëtt et dann och méi bëlleg.
B: Dat wier mäin Dram!
A: Da kanns du och méi oft an Italie goen.
B: Genee. An iergendwann packen ech et vläicht och bis op Sizilie mam Zuch!